D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute verléinen hiert Material nëmmen un d’LGS-Gruppen an un d’Ekippe vum  Verbandsgrupp.

  • Dat geléintent Material däerf net un en Drëtte weiderverléint ginn.
  • D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute verléinen hirt Material net fir Fester oder Evenementer, dei nëmmen op eng Geldrecette ausgeriicht sinn (Baler, …).
  • D’Lëtzebuergen Guiden a Scouten froe fir d’Verléinen a fir den Ënnerhalt vum Material en Onkäschtenbeitrag.
  • Dat geléintent Material muss propper an an engem gudden Zoustand zréckbruecht ginn.

 

Am Fall wou Material net richteg gebotzt oder agepaakt zréckkënnt, hëlleft de Grupp fir et nees an d’Rei ze setzen. De Grupp kënnt op fir eventuel Botz- a Reparaturkäschten.
Fir d’Locatioun vu gréisserem Material gëtt geroden eng speziell Assurance ofzeschléissen.

Dir kënnt äert Material am LGS Verbandssekretariat (Géisserei) op Rendez-vous siche kommen. Tel.: 269484-28.
Campmaterial z. B. Zelter, Bänken etc. mussen beim SNJ ugefrot ginn: SNJ Material

Kalenner Service des prêts

 

Hei am Kalenner kanns du kucken, ob déi Saachen. déi s du ufroe wëlls nach fräi sinn.

Alles, wat am Kalenner steet, ass scho reservéiert.