Chalet Géisserei

5, rue Munchen-Tesch L-2173 Luxembourg

De grousse Sall

55 m2

80 Plazen

Dortoir

8 Dortoiren

 

50 Better

Chalet Géisserei Kontakt

 

5, rue Munchen-Tesch

L-2173 Luxembourg

Tel.: 26 94 84

D’Büroe sinn vun 9 – 16 Auer besat.

 

@: chalet-geisserei@lgs.lu

D’Géisserei

D’Grondlag vum Chalet Géisserei war déi al Fonderie d’Eich. Vun 2004 bis 2007 gouf d’Gebäi renovéiert mat Hëllef vum Famillje-Ministère.

Elo sinn de Chalet Géisserei, d’Sekretariat vun den LGS an de Shop um Site ze fannen.

De Chalet

De Chalet ass modern a mat all Komfort ageriicht, ausserdeem ass en och fir Persoune mat kierperlecher Behënnerung gëeegent (Lift, ugepasste WC an Dusch).

Am Chalet gëtt et dräi Etagen, 8 Dortoiren mat 50 Better, all Etage huet Sanitär, extra behënnergerechte Sanitär an Zougang zum Lift, eng voll equipéiert Kichen an ee grousse Sall.

Beim Chalet steet nëmmen 1 Parkplaz zur Verfügung. Weider Parkméiglechkeete fënnt een op der Place d’Argent an an der Rue Auguste Lavale.

 

Méi Fotoen an der Fotogalerie

Rez-de-chaussée

  • am de grousse Sall vu 55m2 stinn 80 Still 17 Dëscher, Leinwand a Beamer, WLAN zur steet Verfügung.
  • d’Kichen ass voll equipéiert mat elektresher Kachmaschin (6 Plaquën), elektreschem Uewen (Heissloft), Spullmaschinn, Frigo a Killtruh. Am grousse Sall fënnt ee Lëffelsgeschir, Telleren asw… .

1. Etage

  • 2 Dortoir mit 8 Better (4 Etagebetten)
  • 1 Dortoir mit 6 Better (3 Etagebetten)
  • 1 Dortoire mit 4 Better (2 Etagebetten)
  • Sanitär: WC + Duschen (Duschkabinnen)

2. Etage

  • 2 Dortoir mat je 10 Schlofplazen/Matratzen
  • 2 Dortoir mat je 3 Eenzelbetter
  • Sanitär: