Chalet Géisserei

restera malheureusement fermé jusqu’à la fin 2024.

Fondatioun LGS

Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken

D’Fondatioun ass 2004 gegrënnt ginn. Si mécht d’Gestioun vun de Permaneten, déi an der LGS-Verbandssekretariat schaffen. An der Géisserei, wéi d’Zentral och nom Gebai genannt gëtt, sinn den educativen an den administrative Service ënnerbruecht. Ausser den LGS-Permaneten huet och d‘ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt hirt Büro an der Géisserei.

D’Forndatioun huet sech 2004 zum Zil gesat, den LGS eng eegenstänneg Zentral ze bauen. Si huet mat Hëllef vum Famillje-Ministère d’Gebai der deemolege Fonderie d’Eich zu Weimeschkierch renovéiert. 2007 zum Centenaire vu Scoutissem gouf d’Géisserei feierlech erëffnet.

D’Gebai vun der Géisserei ass zwee gedeelt. Am zweeten Deel ass de Chalet Géisserei ënnerbruecht. De Chalet bitt Iwwernuechtungsméiglechkeet fir 50 Leit un. Weider liesen

Eis Servicer

Chalet Géisserei

LU “ Opgrond vum Schued, deen duerch d’Héichwaasser vum 14.07.2021 entstanen ass, musse Renovatiounen am Chalet gemaach ginn. De Chalet bleift leider bis Enn 2024 zou.“

FR “ Dû aux dégâts causés par les inondations du 14.07.2021, des rénovations doivent être faites au chalet. Le chalet restera malheureusement fermé jusqu’à la fin 2024.“

EN “ Due to the damage caused by the floods of 14.07.2021, renovations have to be made to the chalet. The chalet is unfortunately closed until the end 2024.“

De Chalet ass modern a mat all Komfort ageriicht, ausserdeem ass en och fir Persoune mat kierperlecher Behënnerung gëeegent (Lift, ugepasste WC an Dusch).

Am Chalet gëtt et dräi Etagen, 8 Dortoiren mat 50 Better, all Etage huet Sanitär, extra behënnergerechte Sanitär an Zougang zum Lift, eng voll equipéiert Kichen an ee grousse Sall.

Jugendhaus "a Stenges"

Die Lëtzebuerger Guiden a Scouten als Träger des Jugendhauses zu Bissen haben sich zur Aufgabe gemacht, in ihrer Einrichtung einen besonderen Charakter der offenen Jugendarbeit zu prägen und damit ein Qualitätsmerkmal in der Jugendhausarbeit zu vertreten.

LGS-Administratioun

An der Géisserei sinn den educativen an den administrativen Service zu fannen. Eis Educateuren/Educatricë bidden Hëllef bei der Formatioun an beim Programm vun den LGS un. All administrativ Demarchë vun de lokale Gruppen a vum Verbandsgrupp ginn am administartive Service verschafft.

Fir d’Ekippe vum Verband sti Säll an der Géisserei zur Verfügung.

Kontakt Fondatioun LGS

 

5, rue Munchen-Tesch

L-2173 Luxembourg

Tel: 00 352 26 94 84

Email: info@lgs.lu

Kontaktéiert eis