D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten verléinen hiert Material nëmmen un d’LGS-Gruppen an un d’Ekippe vum Verbandsgrupp.
- Dat geléintent Material däerf net un en Drëtte weiderverléint ginn.
- D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten verléinen hirt Material net fir Fester oder Evenementer, dei nëmmen op eng Geldrecette ausgeriicht sinn (Baler, …).
- Dat geléintent Material muss propper an an engem gudden Zoustand zeréckbruecht ginn.
- De Locataire ass responsabel fir dat ausgeléinten Material.
Reservéiert momentan nach dat neit PR Material per Mail: georges.lucius@lgs.lu
Wichteg: Datum vu wéini bis wéini uginn.
Dir kënnt äert Material an d’Géisserei op Rendez-vous siche kommen.
T: 26 94 84 28
Campmaterial z. B. Zelter, Bänken etc. mussen beim SNJ ugefrot ginn: SNJ Material
Kalenner Service des prêts
Hei am Kalenner kanns du kucken, ob déi Saachen. déi s du ufroe wëlls nach fräi sinn.
Alles, wat am Kalenner steet, ass scho reservéiert.