Chalet Géisserei Kontakt
5, rue Munchen-Tesch
L-2173 Luxembourg
Tel.: 26 94 84 20 / 26 94 84 28
geisserei@lgs.lu
D’Géisserei
D’Grondlag vum Chalet Géisserei war déi al Fonderie d’Eich. Vun 2004 bis 2007 gouf d’Gebäi renovéiert mat Hëllef vum Famillje-Ministère.
Elo sinn de Chalet Géisserei an d’Sekretariat vun den LGS um Site ze fannen.
De Chalet
De Chalet ass modern a mat all Komfort ageriicht, ausserdeem ass en och fir Persoune mat kierperlecher Behënnerung gëeegent (Lift, ugepasste WC an Dusch).
Am Chalet gëtt et dräi Etagen, 8 Dortoiren mat 50 Better, all Etage huet Sanitär, extra behënnergerechte Sanitär an Zougang zum Lift, eng voll equipéiert Kichen an ee grousse Sall.
Beim Chalet steet nëmmen 1 Parkplaz zur Verfügung. Weider Parkméiglechkeete fënnt een op der Place d’Argent an an der Rue Auguste Lavale.

Rez-de-chaussée
- grousse Sall vu 55m2 mat 80 Still 17 Dëscher, Leinwand,Beamer, Flipchart an WIFI.
- vollequipéiert Kichen mat 6 elektreschen Kachplacken, elektreschem Uewen (Heissloft), Spullmaschinn, Frigo a Killtruh. Am grousse Sall fënnt ee Läffelsgeschir, Telleren asw… .
1. Etage
- 2 Dortoire mat 4 Etagebetten
- 1 Dortoir mat 3 Etagebetten
- 1 Dortoir mat 2 Etagebetten
- Sanitär: WC + Duschen (Duschkabinnen)
2. Etage
- 2 Dortoire mat jee 10 Schlofplazen/Matrassen
- 2 Dortoire mat jee 2 Eenzelbetter
- Sanitär: WC + Duschen (Duschkabinnen)