D’Fondatioun LGS huet als grousst iwwergräifend Zil, de Verband an der Entwécklung vu senge Projeten a bei sengen Aktivitéiten a Formatiounen ze ënnerstëtzen.

Wat heescht dat konkret?
Wéi d’Fondatioun 2004 gegrënnt gouf, war hir éischt Missioun, dem Verband vun den LGS eng nei «Zentral» oder anescht ausgedréckt en eegestännegt an zäitgeméisst Doheem ze schafen. Hei sollten d’Büroe fir d’Personal an eng ganz Rei Versammlungsraim fir déi vill Verbandsekippen op enger Plaz sinn. Mat der Renovéierung an uschléissend der Aweiung am Joer 2007 vun der Géisserei war dësen éischte wichtege Schrëtt gemaach. Nom Héichwaasser vun 2021 hat d‘Fondatioun nees e gréissere Chantier ze geréieren, bis alles erëm funktiounsfäeg war.

Dodernieft ass d’Fondatioun den Träger vun enger Konventioun mam Stat, déi de Finanzement vum Personal an de Funktionnement vun der Zentral reegelt. Domat ass si responsabel fir d’Gestioun vum Personal vun den LGS. Dat sinn engersäits d‘Mataarbechter aus dem Sekretariat, déi eise Gruppen an Ekippe fir alles am administrative Beräich zur Säit stinn, an anerersäits d‘Educateuren aus dem SAFAB, déi am pedagogesche Beräich an an der Formatioun aktiv sinn.

D’Fondatioun huet, nieft der Gestioun vun der Géisserei an dem Personal, keng eege Prioritéiten, mee hëlleft d’Ziler, déi de Verbandscomité definéiert, zesumme mat de Commissaires généraux ëmzesetzen. Reegelméisseg Reunioune mat eisen zwee Responsable vum administrativen an edukative Beräich sollen dofir suergen, dass d’Aarbecht vun alle Mataarbechter ganz dorops ausgeriicht bleift, d‘Ekippen an d‘Chef:taine vum Verband an hirer wäertvoller Roll ze begleeden an ze ënnerstëtzen, dëst souwuel duerch eng ugepasste Formatioun wéi och duerch eng konkret (Mat)organisatioun vu ville klengen a groussen Aktivitéiten.

Mir, dat sinn:
President
: Gilbert Beissel
Vize-Presidentin: Martine Fuchs

Tresorier: Olivier Nosbaum
Sekretär: Patrick Seiler

Memberen: Pierre Elvinger, Georges Faber, Nancy Folschette, Max Friederes, Angélique Krier, Marc Weis