Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken
D’Fondatioun ass 2004 gegrënnt ginn. Si mécht d’Gestioun vun de Permaneten, déi an der LGS Administratioun schaffen. An der Géisserei, wéi d’Verbandssekretariat och nom Gebai genannt gëtt, sinn den educativen an den administrative Service ënnerbruecht. Ausser den LGS Permaneten huet och d‘ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt hiert Büro am Gebai.
D’Fondatioun huet sech 2004 zum Zil gesat, den LGS eng eegenstänneg Zentral ze bauen. Si huet mat Hëllef vum Famillje-Ministère d’Gebai der deemolege Fonderie d’Eich zu Weimeschkierch renovéiert. 2007 zum Centenaire vu Scoutissem gouf d’Géisserei feierlech erëffnet.
Am Gebai vun der Géisserei befënnt sech ausser de Büroe vun der Administratioun och de Chalet Géisserei . De Chalet bitt Iwwernuechtungsméiglechkeet fir 50 Leit un. Weider liesen…
Eis Servicer
Chalet Géisserei
De Chalet ass modern a mat all Komfort ageriicht, ausserdeem ass en och fir Persoune mat kierperlecher Beanträchtegung gëeegent (Lift, ugepasste WC an Dusch).
Am Chalet gëtt et dräi Etagen, 8 Dortoire mat 50 Better, all Etage huet Sanitär, extra behënnergerechte Sanitär an Zougang zum Lift, eng voll equipéiert Kichen an ee grousse Sall.
LGS-Administratioun
An der Géisserei sinn den educativen an den administrative Service zu fannen. Eis Educateuren/Educatricë bidden Hëllef bei der Formatioun an beim Programm vun den LGS un. All administrativ Demarchë vun de lokale Gruppen a vum Verbandsgrupp ginn am administartive Service verschafft.
Fir d’Ekippe vum Verband sti Säll an der Géisserei zur Verfügung.
Kontakt Fondatioun LGS
5, rue Munchen-Tesch
L-2173 Luxembourg
Tel: 00 352 26 94 84
Email: info@lgs.lu