De Service d‘Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles (S.A.F.A.B.) gëtt et zanter Abrëll 2000. Wéi den Numm et scho seet, ass d’Missioun vun dësem Service d’Ënnerstëtzung am Beräich vun der Animatioun an der Formatioun an de lokale Gruppen, also de Cheftainen a Chef, wéi och d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung um Verbandsniveau.

 


Formateur: Cathy Kirsch

 

Als Formateur bekëmmert d’Cathy sech an enker Zesummenaarbecht mam Formatiounscommissaire ëm d’Formatiounen. Hatt hält verschidde Sessioune op den nationale Formatiounen a kann awer och punktuell fir spezifesch Formatiounen agesat ginn: Drogepräventioun, Maltraitance, interkulturell Kommunikatioun asw. Hatt koordinéiert de Projet Scouts Welcome Refugees an ënnerstëtzt d’Aarbecht vun der RAP-Ekipp déi de neie Programm fir d’LGS ausschafft. D’Cathy ass och d’Giedel vun all de lokale Gruppen a bitt ënnerstëtzung bei Konflikter oder strukturelle Problemer am Grupp un.

Wann dir Froen hutt oder Informatioune braucht, kontaktéiert d’Cathy einfach.

e-Mail: cathy.kirsch@lgs.lu
Tel.: 26 94 84 26
 
 

Animateur pédagogique: Tom Lahr

 

Den Tom schafft gréisstendeels um Neihaischen am Centre de Formation et d’Animation Nicolas Rollinger. Hien organiséiert (an Zesummenaarbecht mat sëlleche Benevolen, Aarbechtsgruppen, Fierschteren an Experten) Aktivitéite ronderëm de Site Native Village, virun allem am Beräich Ëmwelterzéiung, woudrënner och d’pädagogesch Koffere falen, déi ee beim Tom kann ufroen. Hien ënnerstëtzt d’Aarbecht vun der Programm-Ekipp, déi ënner anerem den Chefdag zesumme mam respektive Grupp am September organiséiert.

 

e-Mail: tom.lahr@lgs.lu
Tel.:  35 76 45

Animateur pédagogique: Marlen Oldenburg

 

D’Marlen ersetzt den Tom a sengem Congé parental bis den 1. Abrëll.

e-Mail: marlen.oldenburg@lgs.lu
Tel.:  35 76 45 (Neihaischen), 26 94 84 29 (Géisserei)